Communiqué de presse

By février 23, 2024Actualité

Als Reaktioun op de Reportage vum 18. Februar 2024 an der Emissioun “De Journal” op RTL Televisioun an dem Artikel deen och den 18. Februar 2024 op RTL.lu publizéiert gouf, wëlle mir, den Exekutivbüro vum interkommunale Syndikat “Distribution d’Eau des Ardennes (DEA)”, mat dësem Communiqué Stellung bezéien.

Als ëffentleche Betrib ass et eis besonnesch wichteg sech un d’Lëtzebuerger Gesetzer a Reglementer ze halen. Am Kontext vum Reportage op RTL musse mir kloerstellen dass déi zoustänneg Instanz, den “Institut National de Recherches Archéologiques (INRA)”, schonn den 7. Oktober 2021 iwwert de Chantier um Kaschbur informéiert gouf, a mir domat all eise Verpflichtungen nokomm sinn.

Nodeems op enger Visite vum Chantier eng Verfierwung gesi gouf, ass den INRA den 22.  Dezember 2023 eng zweete Kéier vun eise Leit kontaktéiert ginn an d’Spezialisten hunn sech dunn de Site genau ugekuckt.

De 5. Januar 2024 krute mir du vum INRA confirméiert, dass d’Aarbechten normal viru gefouert däerfte ginn an dass sech definitiv kee Réimerwee op dem Site vun der Quell befënnt, well et sech a Wierklechkeet em eng geologesch Konfiguratioun am Sandsteen handelt.

Den 23. Januar 2024 goufe mir dunn vum INRA informéiert, dass fir deen zweeten Deel vun den Aarbechten, nämlech dem Verleeën vun enger Drénkwaasserleitung, zousätzlech Oploen anzehale wieren op Basis vum Denkmalschutzgesetz (Loi du 25 février 2022 relative au patrimoine culturel, Art. 5, Punkt 1: “prescription d’une opération de diagnostic archéologique”), éier de Chantier lancéiert gëtt. Déi administrativ Demarchen fir dës Virgaben ze erfëllen sinn an d’Weeër geleet, esou dass mir och op dësem Deel vum Chantier konform sinn.

Anescht wéi am Reportage an am Artikel vum 18. Februar 2024 op RTL behaapt gëtt, gouf et zou kengem Abléck ee “Baustopp” oder “Veto vum Kulturminister” op eisem Chantier, all gesetzlech Oplagen an Demanden goufen am Virfeld ugefrot, an d’Spezialisten vum INRA hu bestätegt dass bei der Sanéierung vun eiser Quell den Denkmalschutz respektéiert gouf. Wat d’Verleeën vun der Waasserleitung ugeet, sou ass kloer, dass och hei RTL falsch läit, well dëse Chantier nach guer net ugefaang huet.

Useldeng, den 22. Februar 2024.

Den Exekutivbüro vun der DEA,

PAULY Charles, President

BODEM Pollo, Vize-President

KOEUNE Marco, Vize-President

POIRÉ Mike, Member vum Büro

JUNKER Raymond, Member vum Büro